← Retour à la galerie photos

Vereedegung vun 176 Polizistinnen a Polizisten den 28.04.2023

Haut de Mëtteg huet déi feierlech Assermentatioun vun 176 Kandidatinnen a Kandidaten aus de Groupes de traitement B1 an C1 vum Cadre policier um Site vun der Policeschoul um Findel stattfonnt.

A Presenz vum Minister fir bannenzeg Sécherheet Henri KOX, dem Generaldirekter vun der Police Philippe SCHRANTZ a sëllegen Invitéen a Representante vun der Police, gouf déi éischt grouss Promotioun, déi aus dem Recrutement extraordinaire ervirgoung, vereedegt.

An den nächste Woche wäerten déi nei Polizistinnen a Polizisten op deene verschiddene Policekommissariater uechter d’Land a bei der Unité de garde et d’appui opérationnel hiren Déngscht untrieden.

Mir felicitéieren hinnen a freeën eis, se an der Police wëllkomm ze heeschen! 

Den Encadrement vun der Feier gouf vun der Douane´s Musek mat de Kollege vun der Garnisounsmusek assüréiert.

176 Polizistinnen a Polizisten beieneen d´Musikante läuschteren den offizielle Rieden andächteg no            (Foto äus dem Reportage op RTL ) Je jure... de Misch an de Pier breede sech op hieren Asaatz vir d´Martine Klein an de Steve Keipes si voll derbäi de Gast huet de selwechte Noper wéi d´Martine de Waldi spillt seng Flütt scho warm an de Max Kuborn hofft datt d´Wieder gutt bleiwt, dem Margot as daat alles egal d´Claire mam Hautbois, e seltend Instrument merci un de Charel Wanderscheid op der Batterie an un den Ansis Nikolovskis mam Sousaphone, datt sie eis gehollef hun eis Trompette waren wéi ëmer op der Héicht, den Henri Nimax, de Christian Gehl an de Serge Melchior de Charel Peiffer setzt sech a Positioun (d´Meedchen op der Foto hannendrun spillt net Trombone !) de Präsident Änder Friden ignoréiert de Fotograf komplett d´Police sicht Leit, d´Douane´s Musek an d´Garnisounsmusek och ! eis Trombone bräuchen wéi ëmer vill Plaatz ët stéiert kee sech dodrun, datt e puer Leit mat enger gringer Uniform tëscht de bloen Uniforme sëtzen de Misch huet zesumme mat der Musek eis Heemecht virgedroen wann een d´Musek vun hanne gesäit, da gesäit ee gewéinlech den Dirigent vu vir eise Sekretär Fernand Bartemes mat eisem Sänger, dem Misch Stimpfl de José, de Gast an d´Martine beim Patt; de Pier war och nach bal op d´Foto komm