← Retour à la galerie photos

Concert zu Réimech "um Gréin" de 16.07.2023

Eise Chef, den Thomas Graf, wénkt e flotte Concert un ët kéint ee mengen, ët wier eise Flütten net egal fir daat waat kënt Marie-Jo mengt secher, hatt misst ëmer am Mëttelpunkt stoen ët gesäit äus, wéi wann de Pier ging biëden - wahrscheinlech datt ët net esou vill falsch Noute gët d´Kim huet erëm kee Blaad virun de Mond geholl a séngt fräi vun der Liëwer esou gesäit een d´Kim nol eng Kéier vu méi noh gutt gemëscht: de José (Douane´s Musek), de Pier (Douane´s a Garnisounsmusek) an de Klaus (Garnisounsmusek) ech weess firwaat de Steve esou eescht as; d´Martine seet vu sech: Ich bin die Verrückte mit der Klarinette, vor der dich jeder gewarnt hat ! d´Kim kritt ës einfach net genuch, eemol sangen as him net duergaang eis Hannermannschaft haat sech gutt verstoppt, hannen am Kiosk an esouguer hannert der Batterie wa mir d´Stéck "Bonjour Paris" spillen, as eise Chef "hin und weg" eise Blech soutz zwar wäit hannen, mee ët huet een ën awer gutt héieren well d´Marie-Jo esou gäer op d´Foto kënt, weise mir hatt eng Kéier ganz grouss d´Kim huet sech gutt behaapt niewend deenen zwéin eeler Häeren wann de Shostakovitch wéisst, datt eise Sekretär mat der Ministesch op seng Valse ging danzen... hei as dann emol eng Vue vun der lénkser Säit den Änder Friden, President vun der Douane´s Musek, huet wéi ëmer di richteg Wieder fond fir jidderengem Merci ze soen elo haat ech bal gesoot: eisen "Trio infernal", mee wann d´Ambiance gutt as, da geréit och d´Foto eise Concert huet esouguer deenen zwou Dammen äus der Ukrain gefall; villmols merci, spacibo bolschoje, fir äeren Applaus