← Retour à la galerie photos

De Kleesche kënt bei d´Douane´s Musek den 30.11.2023

de Sextett vun der Douane´s Musek huet de Kleeschen wëllkomm geheescht fir d´éischt huet de Clown d´Kanner frou gemaach mat senge Ballonen du waren d´Kanner ganz brav, wéi de Kleeschen hinne Bonjour gesoot huet wéi d´Kanner fort waren, hun de Kleeschen an den Housecker d´Leit vun der Douane´s Musek all eenzel begréisst de Kleeschen haat seng Engelen net matbruecht, du hun de Fernand an den Änder déi Roll iwerholl - t´huet ee gemengt, de Kleeschen hätt déi Kéier éischter Bengelen wéi Engelen... do huet awer mol eng Kéier dee Richtegen eng Tiitche kritt fir dem Kleeschen an dem Houseker Merci ze soen, hun d´Musikanten hinnen nach ee geblosen waat sollen di Zwéin do ze pëspere gehaat hun ? eng Gruppefoto huet jo och misse sin ! du koum deen agreablen Deel un d´Reih ët kéint ee mengen, d´Margot an de Waldi hätte méi geschwaat wéi giëss - an do hanne sëtzt d´Annick um Kapp vum Dësch, mee hatt huet awer keng Ried gahaal wéi de Pier gesin huet, datt ee ging eng Foto maan, du haat hien bal vergiess fir z´iëssen