← Retour à la galerie photos

Assemblée Générale vun der Garnisounsmusek den 02.03.2024

d´Irène Schmitz, eisem fréiere Präsident seng Madame, huet der Garnisounsmusek eng Valise voll Bildmaterial gin, waat de Louis am Laaf vun de Joere gemaach huet eise Präsident huet e puer Wuert un d´Versammlung geriicht, ier hien der Caissière Margot Bühlmann an dem Sekretär en décke Merci gesoot huet fir hier Arbecht ganz opmierksam hun eis Invitéen him nogeläuschtert de Fernand huet esouguer italiéinisch geschwaat, pardon, hien huet vill mat den Hänn geschwaat d´Leit waren esouguer zefridde mat deem, waat se zervéiert krit hun de Klaus haat och d´Isabelle matbruet, waat och Musikantin as a Querflütt spillt mir ware frou, datt eise Chef, den Thomas Graf, den Änder Friden, Präsident vun der Douane´s Musek an de Jean-Marie Waldbillig, Vize-Präsident vun der Douane´s Musek eiser Invitatioun nokomm waren ech mengen, de Pier war selwer verwonnert, wéi seng Fra him esou léif gelaacht huet de Chef huet eng kleng Chefferied gehaal, a jiddereen huet brav applaudéiert den Änder Friden huet seng "Zefriddenheet" iwert d´Zesummenarbecht vun der Garnisounsmusek mat der Douane´s Musek äusgedréckt eis eeler Semesteren waren nom Motosakzident an no den Operatiounen och erëm um Dill eng kleng Entrevue tëscht dem Chef, dem Sekretär vun der Garnisounsmusek an dem Präsident vun der Douane´s Musek huet och musse sin nach eng Kéier: Villmols Merci Irène fir daat waat´s Du eis alles gin hues vum Louis sengem Filmgeschier, hoffentlech konnte mir Dir mat e puer Blimmercher eng kleng Freed maachen mir können de "Pepe" nëme rekommandéieren