← Retour à la galerie photos

Concert op der Plëss, d´Garnisounsmusek mat der Douane´s Musek den 29.05.2024

d´Garnisounsmusek huet zesumme mat der Douane´s Musek e Concert op der Plëss gespillt eise Chef, den Thomas Graf, huet de Concert dirigéiert Flütten a Klarinetten haate sech séier warm gespillt zwéin Hautbois, eng Bassklarinett a 5 Saxophonen - daat muss jo gutt kléngen nee, nee, daat as net d´Muppet-Show, daat as eise Pitt mam Charel daat flott un der Musek as, datt Aal a Jonk könne mateneen musizéieren d´Jeanny huet gemengt, hatt misst sengem Noper, dem Max, och bekannt als Wiederfräsch, e béise Fanger maan, well d´Wieder war net daat Bescht a waat hu se sech all dru gin, hei den Änder Friden, President vun der Douane´s Musek. an eist Gaby um Hautbois d´Jeanny war extra vu München komm fir eise Concert matzespillen, de José huet wéi ëmer déck Backe gemaach an nach zwee wichteg Leit, de Michael an d´Marie-Jo d´Annick huet de "Let It Go" gespillt an huet duerno säi verdingten Applaus vun de Musikanten a vum Publikum kritt oh, e läuter mat gringen Uniformen op enger Foto och de Peter war vu München komm fir eise Concert matzespillen daat steet eisem Chef guer net, wann hien esou eescht dra kuckt nach e Bis, an dann ofgewénkt - äddi bis Freides den 28.06.2024 nach eng Kéier d´Jeanny mat senger Bass-Klarinett daat as en Deel vun eiser Hannermannschaft ouni Bass hätt daat Ganzt kee Fong esouguer engem Douanier steet d´Uniform vun der Garnisounsmusek gutt den Änder huet gemengt, hie misst emol Uerdnung a seng Noute bréngen