← Retour à la galerie photos

Gedenkfeier fir den Generol Patton den 21.12.2024

bei, Generol Patton séngem Graf warden eis Musikanten op hieren Asaatz zu Hamm beim Graf vum Generol Patton hu mir di amerikanesch an di lëtzebuergesch Nationalhymne gespillt,     di zwou Hymnen goufen fir 7 Blechinstrumenter arrangéiert vun eisem Chef, dem Thomas Graf ët goufen och Blummen um Graf vum Generol Patton néiergeluecht bei der Borne virun der Neier Bréck hu mir nach eng Kéier di zwou Nationalhymne gespillt d´Feier as ofgehal gin op Initiativ vum "Comité Luxembourgeois de la Voie de la Liberté" a Präsenz vum U.S. Ambassadeur Thomas M.Barrett den Ambassadeur huet sech ët net huele gelooss fir eng Gruppefoto mat eise Musikanten ze maan den Ambassadeur huet e klenge Cadeau iwerrécht kritt den amerikanischen an de lëtzebuergische Fändel bilden dee richtege Kader fir di läscht Foto den Här Bauer, éischte Schäffe vun der Staadt Lëtzebuerg, haat och un der Feier deelgeholl an huet duerno  op eng Rezeptioun op d´Gemeng invitéiert eis Musikanten hu sech de Patt gutt schmaache gelooss den Här Bauer huet och di zwéi Musikante vun der Garnisounsmusek net vergiess d´Herrschafte vum "Comité Luxembourgeois de la Voie de la Liberté" ware selbverständlech och op der  Rezeptioun